De Groupe Animateur ass eng A.s.b.l., déi am Beräich vun der Animatioun vu Kanner a Jugendlecher aktiv ass. Un onsen Aktivitéite kann am Prinzip jiddereen deelhuelen, deen drun intresséiert ass. Des Weidere bitt de GA och Formatiounen un, fir Animateur ze ginn.
All dës Aktivitéite ginn an enker Zesummenaarbecht mam Service national de la Jeunesse (SNJ) organiséiert.