Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ Modifier les informations sur cette page

Personne de contact

Andrea Schulze

info@hoga.lu

+352 45 60 56

Adresse

4, rue de la Semois, L-2533 Luxembourg

Affiliation

FNEL

FNEL Scouten a Guiden - HoGa (Luxembourg-Hollerich/Gare)

(In)formation · Éducation
Engagement social
Nature · Environnement · Animaux

Organisation de jeunes

[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].

Bei der HoGa handelt et sech em Jongen a Meedercher, déi sech komplet ob Scoutsmethod « Learning by doing » baséieren. Mat engem progressiven an dem Alter ugepasste Programm deen sech virun allem an der Natur ofspillt, setze mir ons a fir eng besser Welt. Eis Zil ass, dat di jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d’Hand huelen fir dat si selbststänneg, responsabel an engagéiert Bierger ginn. Mir gehéieren zur Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg, also kuerz gesot zur FNEL. Mir sinn op fir jiddereen. Spiritualitéit, Solidaritéit, Onofhängegkeet, Laïzitéit, Toleranz an Demokratie si Wäerter zu deene mir stinn.

De Baden-Powell huet dat Wichtegst um Scoutissem esou charakteriséiert : « But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people. Try and leave this world a little better than you found it »

An de Scoute ginn d’Kanner dem Alter no a verschidde Branchen opgedeelt, sou ass et eis méiglech de Programm hirem Alter unzepassen. An all Branche verbrénge si ca 2-3 Joer:

  • Beaver (5-7 Joer): D’Beaver sinn déi klengst an déi jéngst Branche an der HoGa. Et si jonk Kanner am Alter vu 5-7 Joer, déi sech “um Weier” begéinen, fir zesumme mat hire Beaver-Frënn Freed ze erliewen, sech z’ameséieren a fir vill Neies ronderëm d’Natur an de Bësch kennen ze léieren.
  • Wëllefcher (8-10 Joer): D’Wëllefchersbranche lieft no der Devise “Mir dinn eis Bescht”, all zesummen an enger Meute, an engem Ruddel, esou wéi och d’Wëllef am Dschungel dat maachen
  • Scouten (11-13 Joer): Scoute liewen zesummen mat hire Frënn an enger Patrull, déi aus 6-8 Jongen a Meedercher besteet. An der Patrull ënnerhuele mir vill zesummen, an dozou kann a soll jiddereen säin Deel bäidroen.
  • Explore (14-15 Joer): D’Explorer féieren de Scoutsgeescht, deen an deene méi jonke Branchen agefouert gëtt nach e Schrëtt weider: an der Unitéit geet et dobäi verstäerkt ëm d’Zesumme sinn: zesumme liewen, zesumme Spaass hunn an zesummen Aktivitéiten organiséieren a maachen. Deemno ass Responsabilitéit, Chargenopdelung an den Ëmgang am géigesäitege Respekt den A an O an der Explorer – Unitéit.
  • Rover & Tembo (16-21 Joer): D’Rover organiséiere sech an Clan’en. Meeschtens sinn et Rover aus deem selwechte Grupp, déi e Clan forméieren. Clan’e si selbststänneg an onofhängeg an organiséiere sech hire Programm selwer.
  • Gruppechef (ab 16 Joer): Chef sinn ass Virbild sinn, dat weiderginn, wat ee vun anere bäibruecht krut, en Deel vun enger éiweger Kette sinn, leeden, ëmmer erëm iwwerrascht ginn, e Liewe laang vu Kleng a Grouss weiderléieren, Responsabilitéit iwwerhuelen an nei Leit kenne léieren, Feeler maachen a Wuessen, sech asetze fir eng besser Welt, Skills entwéckelen… Ons Cheffe sinn zu 100% benevole a maachen eng Formatioun déi 2 Joer dauert.