[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].
D’Offere vun der EwB riichte sech u Mënsche vun all Alter a bidde gläichzäiteg Méiglechkeete fir déi perséinlech a gesellschaftlech Liewensgestaltung. D’Aktivitéiten decken dobäi vill Perspektive vun der eegener Bildung an eng sëlleg Interessegebieter of. Och dat gemeinsaamt Wierken ass dobäi zentral. Jiddereen, deen sech fir d’Liewen a seng vill Perspektiven interesséiert, dee sech selwer abréngen a mat anere Mënschen zesumme komme wëll, ass bei eis häerzlech Wëllkomm!