D’Aktivitéite vun der CNAPA am Beräich Suchtpräventioun a Gesondheetsfërderung leeën hire Schwéierpunkt op Informatioun, Sensibiliséierung, Ausbildung a Koordinatioun.
Eis Aarbecht besteet aus:
- Der Entwécklung a Beaarbechtung vun engem nationale Konzept fir eng systematesch a strukturéiert Preventiounsaarbecht. Dëst Konzept soll gemeinsam mat bestoenden nationalen an internationalen Organisatiounen an Institutiounen ëmgesat ginn.
- Der Koordinatioun vun de verschidde bestoenden Institutiounen an der Entwécklung vu Virschléi fir den Opbau vun neien Institutiounen.
- Eraarbechten a Weiderentwécklung vun der Aus- a Weiderbildung vun Uspriechpartner a Multiplicateuren ënnert Jugendlechen, Elteren, Léierpersonal, psychosozialen an erzéieresche Fachkräft
- Bereetstelle vun Informatiouns- an Opklärungsaarbecht a Form vu Virträg, Diskussiounen, Seminairen, Werbespots, Filmer, Sport- a Fräizäitveranstaltungen, a Villes méi…
- Sammelen an zur Verfügung stelle vu Material fir de Cours
- Bereetstelle vun Informatiounen iwwert bestoend Betreiungsariichtungen an Erliichterung vum Zougang zu Hëllefs-, Betreiungs- a Fleegearichtungen.
- Duerchféieren (oder duerchféiere loossen) vu regelméissegen epidemiologeschen Ënnersichungen, fir eng adaptéiert Preventiounsaarbecht leeschten ze kënnen.
- Enger kontinuéierlecher Evaluatioun vun der geleeschter Aarbecht, fir sech u Verännerungen an Entwécklungen unzepassen.