Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ Modifier les informations sur cette page

Personne de contact

Pédagogie jeunes-pompiers Institut National de Formation des Secours

infs-jp@cgdis.lu

+352 49 771 2591

Adresse

3, Boulevard de Kockelscheier, L-1821 Luxembourg

CGDIS

(In)formation · Éducation
Engagement social
Sports · Santé

Organisation de jeunes

[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].

Den CGDIS hutt nieft de knapp 4000 fräiwëllege Pompjeeën a méi ewéi 500 berufflech Pompjeeën och eng 1200 Kanner a Jonker bei de Jugendpompjeeën.
A ronn 70 Centren d’Incendie et de secours, kuerz CIS, duerch dat ganz Land verdeelt, offréiert de CGDIS Jugendpompjeeësgruppen fir Kanner a Jonker.

Wat sinn d’Jugendpompjeeën ?
All Kanner a Jonker am Alter tëscht 6 an 18 Joer, déi sech gär an hirer Fräizäit am Benevolat engagéiere wëlle fir aneren ze hëllefen, si bei de Lëtzebuerger Jugendpompjeeën un der richteger Adress.
Bei de Jugendpompjeeë gëtt hinnen d’Méiglechkeet offréiert an d’Thematik vum Rettungs- a Läschwiesen Ablécker ze gewannen. Wärend hirer Zäit bei de Jugendpompjeeë maachen d’Kanner an déi Jonk zesummen Aktivitéiten, Spiller, Kolonien a Sport. Si ginn duerch d’Aarbecht an der Jugendequipe an hirer Teamaarbecht gestäerkt an hir Sozialkompetenz gëtt nohalteg gefërdert. Bei Übunge gi si gefërdert a kënnen sech esou an hire Fäegkeete weiderentwéckelen, Problemer ze léisen.
Duerch eng spilleresch Aart a Weis ginn de Kanner an de Jonke Kompetenze vermëttelt, déi si am Beräich vum Rettungs- a Läschwiese brauchen. Fir hir d’Wëssen an hir Fäegkeeten ënner Beweis ze stellen, gi reegelméisseg Wettkämpf organiséiert un deenen d’Jugendpompjeeësgruppen deelhuele kënnen.

Betreiung:
D’Betreiung vun de Jugendpompjeeë gëtt an all CIS duerch e Chef d’unité jeunes-pompiers, een oder méi Moniteur-adjoint jeunes-pompiers an Hëllefer gereegelt. Jiddereen, deen am CGDIS mat de Kanner a Jonke schafft, hutt deementspriechend Formatiounen an dësem Beräich absolvéiert a besëtzt en Animateursdiplom vum Service National de la Jeunesse.

Kontakt:
Wann s Du gär Member bei de Jugendpompjeeën am CGDIS gi wëlls, kanns Du Dech gär bei dengem CIS an denger Gemeng mellen oder beim Département de Pompiers volontaires beim CGDIS ënnert der Telefonsnummer +352 49 771 2332 oder per Mail un volontariat@cgdis.lu .

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser:
Du solls motivéiert sinn, gäre mat aneren an engem Team schaffen a gären aneren hëllefe wëllen. Kenntnisser am Beräich vum Rettungs- a Läschwiesen brauchs Du net, mee Du solls oppe si fir vill nei Saachen ze léieren.