Mir sinn eng Struktur, déi ganz der Jugendinformatioun gewidmet ass.
Eis Missioun: de Jonken eng zouverlässeg, neutral, onofhängeg an un hir Realitéit ugepasste Informatioun unzebidden, fir si dobäi ze ënnerstëtzen méi autonom ze ginn, sech aktiv an der Gesellschaft anzebréngen an hiren Horizont op d’Welt opzemaachen.
D’ANIJ informéiert dech iwwert seng verschidde Servicer:
D’Agence Nationale pour l’Information des Jeunes (ANIJ) ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck, zënter 1987 aktiv (ënnert dem Numm Centre Information Jeunes bis 2018 wou de Numm geännert gouf) a mat enger Konventioun mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.