D’Recht vu jonke Mënschen op Partizipatioun ass schonns 1989 bei der UN-Kannerrechtskonventioun festgehale a vu Lëtzebuerg als Member vun de Vereenten Natiounen 1993 ratifizéiert ginn. De Jugendbureau geet dem Leitgedanken no, dass Jugendlecher nëmmen dann e politescht Interessi a gesellschaftlecht Bewosstsinn entwéckele kënnen, wann eng Verbindung tëschent hirem alldeegleche Liewen an dem si betreffende gesellschaftlech-politesch Theme besteet.