Animateur-Formatioune vum SNJ
- 
                                Datum 06.04.2025 - 13.12.2025 
- 
                                    Plaz 1, rue de Keispelt L-7411 Marienthal 1, rue de Keispelt L-7411 Marienthal
- 
                            Präis 10-160€ 10-160€
- 
                                    Fir ween? ab 15 Joer ab 15 Joer
- 
                                    Sproochen LU LU
- 
                                    Link
 
                    Beschreiwung
Du schaffs gäre mat Kanner a Jugendlecher? Du sichs e Niewenjob, deen dech awer och weiderbilt an dech weiderbréngt? Dann ass e Job als Animateur/Animatrice genau richteg fir dech!
Nieft der Basisformatioun an der Formatiounswoch hues du eng grouss Auswiel un Spezialisatiounsformatiounen zu Theeme wéi Kachen, Kreativitéit, Spill, Entwécklung oder Beweegung!
Mat de verschiddenen Animateur-Breveten hues du d’Méiglechkeet op nationalen, wéi och internationale Kolonien a Camps als Animateur/Animatrice ze schaffen an doduerch däin Horizont ze erweideren.
Hei fënns du all d’Datumer fir déi verschidden Formatiounen zum Animateur: https://animateur.lu/membres/service-national-de-la-jeunesse
Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen
– Mindestens 15 Joer hunn
– Motivatioun a gutt Laun
 
         
                         
                                                 
                                                