Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Annie Loschetter

jeunesse@mondorf-les-bains.lu

+352 23 60 55 - 855

Adress

18, route de Luxembourg, L-5634 Mondorf-les-Bains

Affiliatioun

Service de la Jeunesse de la commune Mondorf-les-Bains

Jugendstuff Munneref

Informatioun · (Weider-)Bildung
Soziaalt Engagement
Natur · Ëmwelt · Déieren
Politik · Rechter · Egalitéit
Gesondheet
Konscht · Kultur · Patrimoine
Aner

Jugendhaus

D’Jugendstuff Munneref ass eng oppe Struktur a gratis fir all Jonken tëschent 10 an 30 Joer aus der Munnerefer Gemeng an den Nopeschgemengen. Et ass eng Plaz fir sech ze treffen, Informatiounen auszetauschen an fir un animéierten an encadréierten Aktivitéite vu qualifizéiertem Personal deelzehuelen. Eng grouss Unzuel un Aktivitéiten a Projeten am nonformellen Kader ginn organiséiert an duerchgefouert. Di pädagogesch Relatioun tëschent dem Personal an den Jugendleche spillt eng ganz wichteg Roll.

D’Jugendstuff ass eng perfekt Plaz fir di Jonk an engem sécheren an vertrauensvolle Kader, wou si eng Hëllefstellung an hirem ganz perséinlechen Entwécklungsprozess ugebuede kréien. D’Zil vum erzéieresche Personal ass donieft och d’Inclusioun vu Jonke mat spezifesche Besoinen an den internationalen Austausch mat a besonnesch fir di Jonk.