Graffiti asbl – d‘Jugendsendungen um Radio ARA
Graffiti, dat sinn d’Jugendsendungen um Radio ARA, vu Méindes bis Freides vu 14h-17h!! Jonker am Alter vun 12 bis 26 Joer, hunn hei d’Méiglechkeet op hir eege Radiossendung.
All Woch bidde mir de Jonken eng Sendezäit vu 15 Stonnen. Dobäi stellt Graffiti eng Aart Jugendhaus duer, an dem déi Jonk d’Méiglechkeet kréien, hir eege produzéiert Sendunge mat hirem Museksstil, Reportagen, Interviews a Villes méi, iwwert d’Antenne auszestralen. Hei gi si vu engem sozial pädagogeschen Team begleet, betreit a léiere vun hinne verschidden Techniken a Methode fir Radio ze maachen.
Mir erweideren eisen mediepädagogesche Bildungsoptrag steteg weider a sou si schonn eng Rei vun Zesummenaarbechte mat Schoulen, Jugendhaiser an aneren Institutiounen entstanen. Eis Offere sinn zäitlech an inhaltlech verschidden a kënnen ëmmer ugepasst ginn.
Dat ass genau denges? Da mell dech, hei hues de d’Méiglechkeet Musek ze spillen déi’s de wierklech gäre lauschters oder Reportagen, Interviews oder Table Ronde’en zu Themen ze maachen, déi dech interesséieren.