Les auberges de jeunesse au Luxembourg – « more than beds » !
Néng Jugendherbergen zu gënschtege Präisser sti fir Reesender allen Alters a Konstellatiounen (Alleng, Familljen, Gruppen) zur Verfügung. Nieft enger Schlofplatz bidden eis Aubergen awer och eng Panoplie un Aktivitéiten un, souwuel fir Eenzelpersounen, wéi och Schoulen oder Familljen. Eis Aubergë bidden an eise Restauranten eng équilibréiert Kiche mat regionale Produiten an engem fairen Handel un. Centrale administrativ vun den Aubergen ass och zoustänneg fir Crèchen, Maisons Relais a Jugendhaiser – a sou mat alldeeglech verantwortlech fir bis zu 1.000 Kanner, déi vun Éducateuren eiser asbl encadréiert ginn.
Mission des auberges de jeunes
D'”Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises” sinn eng Association sans but lucratif (a.s.b.l.), déi Member vum internationale Grupp “Hostelling International” sinn, déi méi wéi 3.000 Aubergen an iwwert 80 Länner ronderëm d’Welt gruppéieren. Zu eisen Ziler gehéieren: