Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Martine Backendorf/ Daniel Amante

marketing@youthhostels.lu

+352 26 27 66 200

Adress

2, rue du Fort Olisy, L-2261 Luxembourg

Affiliatioun

Hostelling International

Les Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises asbl

Natur · Ëmwelt · Déieren
Gesondheet
Aner
Sport · Beweegung

Aner Servicer an Organisatiounen

Les auberges de jeunesse au Luxembourg – « more than beds » !

Néng Jugendherbergen zu gënschtege Präisser sti fir Reesender allen Alters a Konstellatiounen (Alleng, Familljen, Gruppen) zur Verfügung. Nieft enger Schlofplatz bidden eis Aubergen awer och eng Panoplie un Aktivitéiten un, souwuel fir Eenzelpersoune wéi och Schoulen oder Familljen. Eis Aubergë bidden an eise Restauranten eng équilibréiert Kiche mat regionale Produiten an engem fairen Handel un. D’Centrale administrativ vun den Aubergen ass och zoustänneg fir Crèchen, Maisons Relais a Jugendhaiser – a sou mat alldeeglech verantwortlech fir bis zu 1.000 Kanner a Jugendlecher, déi vun Éducateuren eiser asbl encadréiert ginn.

Missioun vun den Auberges de jeunes

D’Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises sinn eng Association sans but lucratif (a.s.b.l.), déi Member vum internationale Grupp “Hostelling International” sinn, déi méi wéi 3.000 Aubergen an iwwert 80 Länner ronderëm d’Welt gruppéieren. Zu eisen Ziler gehéieren:

  • e sozialen, sportlechen an edukativen Tourismus, besonnesch fir Jonker, Kanner a Familljen, auszebauen.
  • Jugendherbergen, allgemeng Zentre fir ze schlofen, Ausbildungszentren an Zentre fir Aktivitéiten an Animatioun zu Lëtzebuerg zesummenzestellen, ze ënnerhalen an och fir Ënnerhalung ze suergen.
  • D’Treffe vu Jugendlechen aus alle Länner, egal wéi enger Hierkonft, Nationalitéit, Religioun, Politesch Meenung oder wei engem Geschlecht, ze erliichteren
  • “Gréng Klassen” an de Jugendherbergen ze organiséieren an ausserschoulesch Aktivitéiten a Verbindung mat de Jugendherbergen ze fërderen.