Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Alex Gansen

info@lgsl.lu

+352 661 917 242

Adress

71b, rue de la Gare, L-3377 Leudelange

Affiliatioun

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp Lady BP Leideleng

Informatioun · (Weider-)Bildung
Soziaalt Engagement
Natur · Ëmwelt · Déieren

Jugendorganisatioun

Tëscht de Joren 1976 an 1993 ware scho Guiden zu Leideleng aktiv. Well et dunn awer net méi genuch Cheftainen zu Leideleng goufen, hu si opgehal a vill Kanner sinn op Märel an d’Scoute gaangen.

De Leidelenger Grupp Lady BP staamt dohir ursprénglech vum Grupp Märel St. Gengoul of. Deemools waren et haaptsächlech Leidelenger Kanner, déi all Samschden op Märel an d’Scoutsverammlunge gaange sinn. Doropshin hunn déi motivéiert Märeler Cheftainen a Chef am Joer 2001 decidéiert, mam Grupp op Leideleng ze plënneren, fir do de Kanner de Scoutismus méi no bréngen.

Ugangs hunn d’Scoutsaktivitéiten haaptsächlech am Chalet vun den Oeuvres paroissiales stattfonnt. Am Joer 2010 gouf dunn een neie Scoutschalet ageweit, dee mat Hëllef vun der Gemeng an dem Jugendministère erméiglecht gouf.

Zënterhier ass de Leidelenger Grupp gewuess. Et si vill flott Momenter erlieft a Frëndschafte geschloss ginn.