Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Maud Hansen

coop@elisabeth.lu

+352 75 85 39

Adress

56 route de Trèves, L-6793 Grevenmacher

Affiliatioun

elisabeth

Yolande Coop

Natur · Ëmwelt · Déieren

Aner Servicer an Organisatiounen

2007 gouf d’Yolande Coop als Kooperative gegrënnt. D’Yolande Coop gehéiert zu de sozialen Ariichtunge vun elisabeth. D’Yolande Coop ass och eng Société à impact sociétal, SIS.

D’Yolande COOP bitt Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung en adaptéiert Aarbechtsëmfeld, wat et hinnen erméiglecht no hire Fäegkeeten an an hirem Rhythmus ze schaffen. Esou hunn dës Mënschen d’Méiglechkeet enger Aarbecht nozegoen an hire Liewensënnerhalt ze verdéngen.

Op 3 Site schaffe Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung a 8 verschiddenen Ateliers d’inclusion professionnelle.

Zu Betzder si folgend Atelieren:

Zu Munneref:

Zu Gréiwemaacher:

All d‘Wueren a Servicer gi lokal an handwierklech ugefäerdegt vun onse Mataarbechter mat Hëllef vun hire Betreier.