Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Secretariat SIA

secretariat.sia@men.lu

(+352) 247-76570

Adress

38, rue Philippe II L-2340 Luxembourg

Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA)

Informatioun · (Weider-)Bildung
Politik · Rechter · Egalitéit

Aner Servicer an Organisatiounen

De Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA):

  • begréisst Famillen, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn;
  • informéiert a beréit de Schüler a seng Elteren zu alle Froen am Zesummenhang mat de Lëtzebuerger Schoulen;
  • bitt en individuelle Suivi fir zwee Joer un.

Den Accueil vun de Schüler, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn, fënnt a véier Etappe statt:

  1. Rendez-vous: Ufro fir e Rendez-vous duerch d’Famill (virun der Arrivée zu Lëtzebuerg besteet d’Méiglechkeet, de SIA ze kontaktéieren);
  2. Ënnerstëtzung: De SIA informéiert an ënnerstëtzt d’Famill, wann néideg mat engem interkulturelle Mediateur;
  3. Orientéierung: Et gëtt eng Orientéierung fir eng passend Schoulklass ugebueden;
  4. Suivi: Suivi vum Schüler wärend zwee Joer.

Ëffnungszäiten:
Méindes bis freides vun 8:00 bis 11:45 a vun 13:00 bis 16:45 Auer (nëmmen op Rendez-vous)

Accueil op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch (weider Sproochen op Ufro)