28.10.2024 - 30.10.2024
14-27
Bookathon – Jonk Kreativer produzéieren zesumme Kannerbicher.
Och dëst Joer ginn nees 30 jonk Talenter am Alter vu 14-27 Joer gesicht, déi bannent engem 24-Stonnen-Hackathon Bicher fir Kanner vun 0 bis 4 Joer kreéiere wëllen. Fir méi iwwer de Projet gewuer ze ginn, d’Bicher vun der 1. Editioun ze kucken oder fir sech als “Storyteller”, “Illustrator” oder “Graphic Designer” unzemellen, gitt op bookathon.lu kucken. Umelle kann een sech ab elo a bis den 23. September.