Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

move. – fir eng ëmweltbewosst Gesellschaft

  • Datum
    All Mettwoch am Oekozenter Pafendall 17:30 - 19:30
  • Plaz
    6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    Jonker vun 14-26 Joer
  • Sproochen
    LU, FR, DE, EN
  • Link

Beschreiwung

move. ass ee Jugendgrupp a mir setzen eis fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft an. Eist Zil: datt d’Stëmm vun der jonker Generatioun och gehéiert gëtt! Eis Themeberäicher sinn enk mam Ëmweltschutz verbonnen! Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung, Schoul oder grenzelose Konsum sinn alles Theme mat deene mir eis beschäftegen.

Natierlech kënne mer drop waarden datt anerer sech drëm këmmeren. Mir kënnen awer och selwer aktiv ginn, eis zesummendoen an ufänken eppes ze veränneren.

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Bei move. ass jidderee wëllkomm an et si keng Virkenntnesser néideg!

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren