Journée d’introduction:
Den SNJ bitt vill verschidden Aktivitéiten an de Beräicher Sport, Teambuilding, Natur, Kreativitéit a Medien fir Kanner a Jonker un.
Fir dës Aktivitéiten ze encadréieren siche mir Animateurs spécialisés. Wann’s du also motivéiert bass, mindestens 18 Joer hues an eng cool a flexibel Aarbechtsplaz mat fairen Indemnitéite sichs, da bass du genau richteg bei eis !
Fir als Animateur spécialisé ze schaffen, brauchs du keen aneren Animateur Brevet. Mell dech fir déi nächst Journée d’introduction un, an du bass dobäi!
– Mindestens 18 Joer
– Een gültegen Éischt-Hëllef-Schäin
– Een Extrait vum casier judiciaire n°5