Service volontaire européen (SVE)
-
Datum
op Demande -
Plaz
33, Rives de Clausen, L-2165 Luxembourg -
Präis
Gratis -
Fir ween?
Jonker tëscht 18 an 30 Joer -
Sproochen
LU, FR, DE, EN -
Link
Beschreiwung
Mat engem Service volontaire européen (SVE) kanns du dech an Europa an doriwwer eraus engagéieren, awer och an der Groussregioun, wou vill Missiounen op dech waarden, fir deng Kompetenzen z’entdecken, däi Privat- an däin zukünftegt Beruffs- oder Studenteliewen ze beräicheren.
Méi konkret: Am Corps Européen de Solidarité (CES) kanns du Aufgaben vun allgemengem Interessi an enger Organisatioun ouni Gewënnzweck (asbl, Veräin, asw.) ausféieren. Et ass een Ëmfeld, wou s de eppes iwwert europäesch Kulture léiere kanns a wou s de e bëssen Ofstand zum Alldag kriss a konkret Projeten ënnerhuele kanns, déi een Afloss op d’Gesellschaft hunn.
Du bass tëschent 18 an 30 Joer al, du sichs e solidarescht Engagement, eleng oder an engem Grupp, op kuerz oder méi laang Dauer? Dann ass et Zäit, fir iwwert e Service volontaire européen nozedenken.
Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen
Fann deng Missioun op:
https://www.volontaires.lu/lu/Missiounen/#results