Bénévole bei Fräizäitaktivitéiten fir Menschen mat Trisomie 21

  • Datum
    op Demande
  • Plaz
    20, route de Luxembourg L-6910 Roodt/Syre
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    Jiddereen ab 16 Joer
  • Sproochen
    LU, DE,
  • Link

Beschreiwung

Mir sinn ëmmer op der Sich no Bénévolen (m/w), déi eis bei eisen Aktivitéiten ënnerstëtzen. Sief et bei eisen Kachaktivitéiten (Stuff 21), Vakanzenaktivitéiten oder Sortien:

  • Dënschdes owes: Danzcours zu Luerenzweiler ;
  • Mëttwochs owes: Zumba zu Rued/Sir ;
  • Donneschdes owes: Danzcours zu Esch/Uelzecht ;
  • Freides owes: Kachcours zu Dikrech oder Rued/Sir ;
  • Samschdes: verschidden Sortien (z.B. Kino, Restaurant, Keele spille,…) ;
  • Schoulvakanzen: Vakanzenaktivitéiten (z.B- Fuesaktivitéiten, Ouschteraktivitéiten, Summeraktivitéiten, …

Du bass min. 16 Joer, kanns eng Hand mat upaken an wëlls nei Erfarungen mat Mënschen mat enger Beanträchtegung sammelen?
Dann mëll dech! Mir freeën eis iwwert jiddereen den motivéiert ass eis bei eisen Aktivitéiten ze ënnerstëtzen!

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

– min. 16 Joër aal sinn
– Oppen sinn
– Zouverlässeg sinn
– keng spezifesch Virkenntnisser ginn gebraucht

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren