D’Coopératioun an d’Auerzäit kann een sech an eiser Applikatioun erauswielen.
ab 18 Joër
Foodsharing Luxembourg ass eng Ëmweltorganisatioun ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.), déi aus Fräiwëllege besteet. Hir Visioun ass, dass all iessbar Liewensmëttel zu Lëtzebuerg konsuméiert ginn. Een Drëttel vun de Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, gi momentan verschwent. De Veräin bekämpft Liewensmëttelverloschter a -verschwendung, andeems mir de séieren Austausch vu Liewensmëttel ënnerstëtzen, déi soss ewechgehäit gi wieren. Duerch d’Sensibiliséierung fir d’Thema a seng Auswierkungen op de Klima, d’Ëmwelt an d’Gesellschaft esouwéi duerch d’Virundreiwe vun engem systemesche Wandel well Foodsharing Luxembourg d’Verschwendung dramatesch reduzéieren.