Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Formatioune vum SNJ fir Jonker

  • Plaz
    Luxembourg
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?

    Jonker tëscht 15 an 30 Joer

  • Sproochen
    LU, FR, DE, EN
  • Link

Beschreiwung

Eis Formatiounen bidden dir d‘Méiglechkeet dech an engem spezifesche Beräich weiderzebilden deen dengem Liewensprojet an denger Liewensphase entsprécht. Se kënnen also ganz hëllefräich si fir en Iwwergang am schoulesche Parcours, esou wéi och am private Liewen.

D‘Formatioune konzentréiere sech op 4 Kategorien: Liewensprojet, berufflech Praxis, Life Skills a perséinlech Entwécklung an hunn als Haaptzil dech ze stäerken an dech op déng nächst Etappe virzebereeden. D’Formatioune ginn iwwert dat ganzt Joer ugebueden an d‘Dauer kann tëscht 3 Stonnen an 3 Deeg variéieren.

Dës Aktivitéite kéinten dech och interesséieren