Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

FitXperience

  • Datum

    17. 05.2025 – 18.05.2025 Workshops
    14.07.2025 – 18.07.2025 Kolonie Allgäu

  • Plaz
    Jugendhaus Ettelbruck, 5 Rue de l'École Agricole, 9016 Ettelbruck
  • Präis
    100€/personne
  • Fir ween?

    12-27 ans

  • Sproochen
    LU,
  • Link

Beschreiwung

D’Ettelbrécker Jugendhaus vun der Nordstadjugend an d’Jugendhaus Woodstock vu Walfer organiséieren eng Preventiounskolonie zum Thema Beweegung an ausgewogen Ernärung.
Mir fuere vum 14.07.2025 bis den 18.07.2025 an den Allgäu (Däitschland), wou mir verschidde „youth friendly“ Aktivitéiten zum Thema Gesondheetsfërderung, mam Schwéierpunkt Alldagsbeweegung, Sport an ausgewogen Ernärung, maachen. An Zesummenaarbecht mat engem Jugendhaus aus der Regioun Allgäu plange mir eng Aktivitéit, wou déi Jonk sech kënne mat lokale Jonken austauschen. De genaue Programm plange mir mat de Jonken zesummen. Eng Aktivitéit mam lokale Jugendhaus, eng Wanderung, eng Mountainbike-Tour,
Rafting a villes méi steet um Programm. Unhand vun dësen Aktivitéite sollen déi Jonk preventiv zum Thema opgekläert ginn.

Fir un deem Projet kënnen deelzehuelen, mussen déi Jonk:
– tëschent 12 a 27 Joer al sinn,
– Zäit hu fir de 17. an 18.05.2025 um Workshop Weekend deelzehuelen (mat
Iwwernuechtung),
– Zäit hu fir mat an den Allgäu ze fueren an hiert Wëssen ëmzesetzen

Virun eiser Rees organiséiere mir de 17. an 18. Mee 2025 am Ettelbrécker Jugendhaus verschidde Workshops. Dës Workshops sollen déi Jonk op d’Kolonie virbereeden an hinnen een Abléck an den Oflaf vun der Kolonie ginn. D’Aktivitéiten zu Allgäu ginn op Grond vun deene Workshops opgebaut, fir déi
Jonk sou vill wéi méiglech iwwer dës Themen z’informéieren an opzeklären.
Wärend de Workshops schreiwen déi Jonk scho Rezepter fir am Allgäu kënnen,
op Basis vun dëse Rezepter, anzekafen an zesumme ze kachen. Zum Schluss
vum Projet krit all Jonken ee Buch mat einfache Rezepter an Alldagsbeweegungstipps, déi si zesummen am Jugendhaus Ettelbréck ausgeschafft hunn an an der Kolonie getest an ausgefouert hunn.
Dëse Projet gëtt vun 2 Erzéierinne vun der Nordstadjugend an 2 Erzéier vum Jugendhaus Woodstock encadréiert, un déi déi Jonk sech zu all Moment wende
kënnen.

Kontakt Organisateur

Jugendhaus Woodstock Walfer
Rodrigues Patricia
60, rue de Steinsel, 7254 Bereldange

Dës Aktivitéite kéinten dech och interesséieren