24.04.2024 - 28.09.2024
Jonker tëscht 12 an 20 Joer
Zil vun dësem Projet ass et, zesumme mat de Jonken eng multimedial Danztheaterproduktioun mam Thema Natur ze kreéieren, déi dann Enn September op der Bün vum CAPE presentéiert gëtt. D’Stéck soll en interdisziplinärt Erliefnes sinn tëscht Video Elementer, déi déi Jonk selwer erstallt hunn, gedanzte Momenter déi a Gruppen a Solo gedanzt ginn, souwéi Poesie, déi déi Jonk selwer iwwer d’Erfarung an d’Gefiller an der Natur wärend de Workshops gesammelt an erstallt hunn.
De Projet wäert Workshops an den Disziplinnen modernen Danz, Video, Kostümer Design/Bitzen a kreatiivt Schreiwen ubidden.
Dëse Projet gëtt duerchgefouert mat engem artistesche Kollektiv, deen ëm d’Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling (zäitgenëssesch Choreographin) versammelt ass an deen den David Laplant (Video Creator), d’Anja Di Bartolomeo (Schrëftstellerin) an d’Natercia Rebelo (onofhängeg Stylistin/Modelistin) zesummebréngt.
Fir dech unzemellen einfach en E-Mail mat denge Kontakt-Donnéeën op dive@cape.lu maachen, dëst bis den 24.04.2024!