D’Zil vun der Wunnéngshëllef ass d’sozial Aglidderung vu Mënschen duerch Wunnen. Dobäi kënne mir op eist Netzwierk vu 24 Memberen zeréckgräifen, déi all sozial Acteuren um lëtzebuergesche Territoire sinn.
Eis Zilgrupp si virun allem Mënschen, déi nëmmen ënner schwieregen Ëmstänn um gesellschaftleche Liewen deelhuele kënnen an heefeg Gefor lafen, ausgegrenzt ze ginn. D’Zilgrupp si Familljen a Krisensituationen, Famillje mat nëmmen engem Elterendeel a niddrigem Akommes esou wéi Allengstoender, déi heefeg un der Aarmutsgrenz liewen.
Am Kader vun eise Jugend-Wunnen-Wunnenge riichte mir eis un jonk Erwuessener, déi aus Heemer, Opnamzentren oder konflikträiche Familljeverhältnesser kommen. Fir en Zëmmer an engem Gemeinschaftshaus zu kréien, mussen déi jonk Mënschen eng weiderféierend Schoul besichen oder eng Léier absolvéieren.
Communautaire Haiser befanne sech an de folgende Gemengen : Déifferdang – Esch/Uelzecht – Lëtzebuerg – Jonglënster – Schëtter – Stroossen