opderschmelz
De Centre Culturel Régional opderschmelz bitt säit 2007 e multidisziplinären a villfältege Programm. De CCRD opderschmelz ass eng wichteg Plaz fir Jazzliebhaber, mee hei ginn och sëlleg Pop-Rock, Singer-Songwriter, World-Concerten, wéi och Theater-, Danzopféierungen oder Virträg organiséiert.
De Kulturdéngscht, deen den CCRD verwalt, organiséiert och verschidden international Festivals, wéi d’Fête de la Musique, den ZELTIK oder den LIKE A JAZZ MACHINE. Op nationaler Ebene sinn de Kannerbicherdag a Cylces wéi TOUCH OF NOIR oder WE LOVE GIRRLS d’Highlights an eisem Joresprogramm.
De kulturelle Programm zu Diddeleng beschränkt sech allerdéngs net nëmmen op den CCRD opderschmelz: och am Konschtzentrum Dominique Lang oder Nei Liicht fannen regelméisseg international Ausstellungen statt.
Am Joer 2022 huet d’Gemeng Diddeleng hire kulturelle Programm mat Projeten, déi fest an eiser DNA verankert sinn, weider ausgebaut: Festival USINA22 mat den Kings of Leon, d’Ouverture vum VeWa (Hall des Vestiaires et Wagonnage), de Projet jazzXchange, d’Acoustic Picnis, d’Expo Re-Retour a villes villes méi…
