De Mouvement Ecologique ass eng lëtzebuergesch Ëmweltbeweegung, déi sech a sëllegen Themen vun der nohalteger Entwécklung engagéiert: Klimaschutz, Naturschutz, Biergerbedeelegung, Froe vu wirtschaftlechen Wuesstem, Wuel vun der Allgemenheet, Mobilitéit, Freihandelsofkommes TTIP a.v.m. Heizou féiert de Mouvement Ecologique konkret Aktiounen duerch, gëtt prise de positions eraus a.v.m. De Mouvement Ecologique baséiert sech op benevolt Engagement an ass déi lëtzebuergesch Sectioun vun « Friends of the Earth ».