Maison de l'orientation
Maison de l’orientation ass eng Administratioun vum Staat, déi op enger Plaz verschidden ëffentlech Acteure vereent, déi am Beräich vun der Bildungs- a Beruffsberodung täteg sinn. D’Maison de l’orientation riicht sech un all Bierger, dee Rot brauch oder Froen huet zu Theme vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun, fir hir Fäegkeeten, Kompetenzen an Interessen ze erkennen. Sou kënne si fundéiert Entscheedungen iwwert de Choix vun hire Studiegang, hir Ausbildung oder berufflech Pläng treffen.
D’Maison de l’orientation ass d’ganzt Joer iwwer op, fir direkt eis Dingscht an Usproch ze huelen an eng Orientéierungsberodung aus ze maachen:
Méindes bis Freides: 8h00 – 12h00 an 13h00- 17h00
Dofir kanns du dech direkt bei folgenden Déngschter mellen:
- Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS)
- Service de la scolarisation des enfants étrangers (SECAM)
- Service Information études supérieures du Ministère de l’Enseignement supérieur et de la Recherche (MESR)
- Service d’orientation professionnelle de I’Agence pour le développement de l’emploi (ADEM-OP) – Région Centre
- Antenne locale pour jeunes Luxembourg du Service national de la jeunesse (SNJ)
- Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA)
- Service de la Formation des adultes (SFA)
Zousätzlech kann een am Beräich “Orientation” dat ganzt Joer iwwer bei eis laanscht kommen, ouni RDV, an anonym en éischt Gespréich féieren:
Méindes bis Freides: 8h00 – 12h00 an 13h00- 17h00