[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].
De KJT ass den nationale Berodungsdéngscht fir Kanner, Jugendlecher an och fir Elteren. D’Berodung ass anonym a vertraulech a gëtt an den übleche Landessproochen ugebueden. Vereenzelt Servicer lafen zousätzlech op Englesch.
Bei KJT, kënne sech Kanner a Jugendlecher iwwert den 1 1 6 1 1 1 Kanner- a Jugendtelefon un eis wennen, iwwert Online Help schreiwen oder eis Chatberodung, www.kjt.lu kontaktéieren. Mir sinn do, stäerken an ënnerstëtzen.
Fir Elteren, déi sech em her Kanner suergen, steet den Elterentelefon, 26 64 05 55 zu Verfügung.
KJT bedreift och d’BEE SECURE Helpline. Jiddereen dee Froen ronderëm den Internet an d’Mediennotzung huet, ka sech heihinner wennen. Op der BEE SECURE Stopline kann een illegal Inhalter mellen.
KJT ass mëttlerweil scho säit 30 Joer en zouverlässegen Partner fir Kanner a Jugendlecher.