D’Caper Piwitschen, lëtzebuergesch Scoutsgrupp gegrënnt 1981, si bei der Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg (FNEL) affiliéiert. D’FNEL ass onofhängeg vun all politeschem Mouvement. D’Haaptmotivatiounsgrënn fir d’Aktioune vun der FNEL sinn d’Laïzitéit an d’Vilfalt. D’Wäerter baséieren sech op d’Toleranz, den oppene Geescht, de Respekt virun Aneren an d’Solidaritéit ewéi et schonn de “Papp vum Scoutismus” de Baden Powell sot.
Eis Aktivitéiten
Eis Branchen
Eis Aktivitéite si fir Jongen a Meedercher vu 6 bis 21 Joer geduecht a sinn a verschidden Alterstranchen organiséiert:
Eis Cheffen
Eis Cheffe sinn engagéiert Jugendlecher ab 16 Joer an all benevollen. Si garantéieren en kompetenten an dynameschen Encadrement. Si absolvéieren e Formatiounszyklus vun zwee Joer de vum Ministère d’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE) zougelooss ass.