De CID ass de Kompetenzzentrum fir Gender a Feminismus zu Lëtzebuerg. Mir engagéieren eis op nationalem an op internationalem Plang fir d’Gläichstellung vun alle Geschlechter.
De CID geréiert eng feministesch Bibliothéik mat Sachbicher, pedagogeschem Material a gendersensibele Kanner- a Jugendbicher. All Mënsch ka käschtefräi Bicher bei eis ausléinen.
Ausserdeem gëtt et bei eis eng Mediathéik mat CDen a Partiture vu Fraen. Doriwwer eraus verwalte mir déi politesch-historesch Archiver vun der Lëtzebuerger Fraebeweegung (MLF) an Archiver vu Lëtzebuerger Komponistinnen.
Mat eise politesche, kulturellen a pedagogesche Veranstaltungen, Aktiounen a Projete bedeelege mir eis un der Entwécklung vun enger inklusiver Gesellschaft am Sënn vun enger Mënscherechtskultur.