Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Service volontaire de coopération (SVC)

  • Datum
    op Demande
  • Plaz
    33, Rives de Clausen, L-2165 Luxembourg
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    Jonker tëscht 18 an 30 Joer
  • Sproochen
    LU, FR, DE, EN
  • Link

Beschreiwung

An engem Service volontaire de coopération (SVC) kanns du dech an engem Entwécklungsland engagéieren an an eng aner Welt, ausserhalb vun Europa, andauchen.

Du kanns do fir d’Liewe léieren. Eng aner Realitéit wéi deng eegen, aner gesellschaftlech Wourechten, iwwerwältegend mënschlech Erfarungen… et ass d’Geleeënheet d’Welt an dech selwer mat aneren Aen ze gesinn, z’entdecken, wéis du dech selwer adaptéieren an integréiere kanns fir e Projet ëmzesetzen. Et ass de beschte Wee, fir vun aneren ze léieren, fir Ënnerscheeder wouerzehuelen a säin eegent Weltbild weiderzeëntwéckelen an zu enger méi gerechter Welt bäizedroen.

Du bass tëschent 18 an 30 Joer al, op der Sich no Ofwiesslung an tëschent 6 Méint an engem Joer disponibel? En SVC bréngt dir Äntwerten an hëlleft dir deng Plaz an dëser Welt ze fannen.

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Fann deng Missioun op:
https://www.volontaires.lu/lu/Missiounen/#results

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren