Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Christophe Schumacher

jugendhaus.steinfort@croix-rouge.lu

+352 27 55 60 12

Adress

17, rue de l'école, L-8367 Hagen

Affiliatioun

Croix-Rouge Luxembourg

Jugendhaus Steinfort

Informatioun · (Weider-)Bildung
Konscht · Kultur · Patrimoine
Aner

Jugendhaus

D’Jugendhaus Steinfort ass en Openthaltsuert den einfach zougänglech ass, wou mir en séchere Rahmebedingunge bidden a wou positiv Wäerter wei Toleranz oder Selbstvertraue vermëttelt ginn. Am Jugendhaus gëtt Interaktioun beim Spillen, Experimentéieren, Kachen, Wierken an Iesse gebueden a gefuerdert.

Des weideren bidde mir de Jonken Orientéierungshëllef beim Erwuessen ginn, duerch opbaue vu Vertrauen duerch eng Bezéiungsbasis fir kennen en positiven Afloss ze hunn. Wäertschätzung vun de Jonke steet ob éischter Plaz an erméiglecht d’Erléieren am nonformale Bildungsberäich.

Niewent all den Ugebueder am Jugendhaus stinn och nach Aktivitéiten ausser Haus um Plang wei Ausflich a Vakanzenaktivitéiten. Mee och bei Eenzelfallhëllef steet d’Personal de Jonken zur Säit, wei z.B bei Hausaufgabenhëllef, CV’en opstellen, Virbereeden ob Bewerbungsgespréicher oder Hëllef a Rot an der jeeweileger Liewenssituatioun.