SOS Radicalisation a.s.b.l. gouf den 5. Mai 2017 mam Zil gegrënnt, den Menace vun der lëtzebuergescher Gesellschaft duerch gewalttäteg Radikaliséierung a Radikaliséierung als Konsequenz vun Opriff, mat all Mëttel a Moossnamen entgéint ze wierken, déi hinnen zur Verfügung stinn.
D’Missioune vu respect.lu sinn: D’Präventioun, also radikal Tendenzen an engem präventiven Asaz erkennen an identifizéieren; d’Begleedung déi sech direkt un déi radikaliséiert Persoun, bezéiungsweis un déi Persounen déi sech an engem Radikaliséierungsprozess befannen, esou wéi hiert soziaalt Ëmfeld riicht an Deradikaliséierung, woubäi et sech em een Ënnerstëtzungsangebot handelt mam Zil vun der Deradikaliséierung vu betraffene Persounen zu Lëtzebuerg.