Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ D'Informatiounen op dëser Säit änneren

Kontaktpersoun

Max Schievenin

contact@tobacycle.lu

+352 621 797 525

Adress

34 am Steffesgaart, L-5222 Sandweiler

Tobacycle n.e.V.

Natur · Ëmwelt · Déieren

Aner Servicer an Organisatiounen

Tobacycle ass eng Associatioun, déi op d’Sammelen an d’Verwäerte vun Zigarettestëmp spezialiséiert ass. De Projet gouf an Däitschland gegrënnt an huet do och grousse Succès mat iwwer 600 Partner a 35t gesammelten Zigarettestëmp.

De Schwéierpunkt läit op der Nohaltegkeet an der Ekonomie Circulaire d.h. vun de Sammelbehälter bis zu der Verwäertung leeë mir Wichtegkeet dorop, dass et regional Léisunge sinn. Sou ginn z.B. all eis Sammelbehälter an Däitschland produzéiert a falls se futti ginn, huele mir se nees un, ersetze se gratis a recycléiere se. Herno gi se rëm vun eis um Terrain agesat, sou dass keng Materialie verschwent, respektiv wechgeheit ginn.

Un eisem Sammelsystem kenne souwuel Entreprise, Gemengen, Associatiounen esou wéi privat Leit deelhuelen. Mir hu fir all Zort vu Fëmmert en individuelle Package.

Ze fëmmen ass eegeverantwortlech, wat herno mam Filter geschitt concernéiert eis all!