15.06.2022 - 15.09.2022
10:00 - 19:00
De Schifermusée sicht jonk Leit déi hëllefen d’Visiteuren am Summer z’encadréieren. Entweder am Accueil beim Ticketsverkaf, am Bistro oder bei eise sëllegen Animatiounen a Workshops fir eis Besicher. Du gëss natirlech dofir bezuelt (80% vum Mindestloun (onqualifizéiert)).
– lëtzebuergesch, däitsch, franséisch schwätzen
– frëndlech an hëllefsbereet, engagéiert an teamfäeg sinn
– gären ënner de Leit sinn
– handwierklech a kreativ (gravéieren, molen, …)
Du solls gäre mat anere Leit zesumme sinn a kreativ an handwierklech schaffe wëlle fir ze weisen an z’erkläre wéi een am Schifer mat verschiddenen Techniken aktiv ka sinn.