Echterlive Festival Bénévole

  • Datum
    Bénévole/Stage: Festivalplanung & -virbereedung (ab dem 01.06. ) ODER Bénévole wärend de Concerten: Eenzel oder e puer Owenter (16. - 24.07.)
  • Plaz
    Echternach
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    Jonker ab 16 Joer
  • Sproochen
    LU, FR, DE, EN,
  • Link

Beschreiwung

Vum 16. Bis den 24. Juli fënnt an der eenzegaarteger historescher Kuliss vun der Abtei Stad Iechternach nees den Open-Air-Festival Echterlive statt. U sonnegen Summerowender erwaart iech am Abteihof en ofwiesslungsräichen musikaleschen Programm. Op dëser Editioun vum Festival si nees vill verschidden national an international Staren aus deene verschiddenen Genren wéi Rock, Pop, Jazz an Hip Hop, mat dobäi: Max Giesinger, Mariza, Christophe Maé, Judith Hill, Ayanna Witter-Johnson, Richard Bona a Blake Mills.

Du wëlls dech bénévole engagéieren? Dir leit Kultur a Lëtzebuerg an eiser Regioun um Häerzen? Du wëlls e Bléck hannert Kulissen vun engem Musikfestival geheien? Dann mell dech bei eis!

Wéini? De Festival fënnt den 16. Bis den 24. Juli 2022 statt

Wou? Abteihof Iechternach & TRIFOLION Iechternach

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Bénévole/Stage: Festivalplanung a -virbereedung
ab dem 01.06. / Dauer je no Disponibilitéit

Aufgabenberäicher:
– Administrativ Aufgaben;
– Ënnerstëtzung am Beräich Projektmanagement;
– Ënnerstëtzung am Beräich Kommunikatioun;
– Verdeelung vum Informatiouns- a Werbematerial;

Bénévole bei de Concerten
(je no Disponibilitéit, eenzel oder e puer Owenter | ca. 4-6 Stonnen pro Owend)

Aufgabenberäicher:
– Ticketkontroll
– Gedrénksstänn;
– Backstage Betréiung;
– Ënnerstëtzung vun der Festival-Crew a verschiddene Beräicher

Verschidden Aufgaben nëmmen ab 18 J.

Organisateur

TRIFOLION Echternach
Daniel Jones
2, porte St. Willibrord, L-6486 Echternach

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren