Begleetpersoun fir Vakanzen

  • Datum

    20.06.2022 - 20.12.2022

    08:30 - 22:30

  • Plaz
    Vacances au Luxembourg et en Hollande
  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    18-79 ans
  • Sproochen
    LU, FR, DE
  • Link

Beschreiwung

Mir sichen 50 Begleetpersounen / Encadranten fir Vakanzen! Spaass, gutt Laun an Entspanung an Wuelfillen sinn d’Stéchwierder.

Däin Zil: een Kolleeg / eng Referenzpersoun sinn fir een Kand, een Jonken oder een Erwuessenen mat Autismus wärend senger Kolonie, senger Vakanz.

Datumer

27.06-03.07 / 04.07-10.07 / 18.07-23.07 / 25.07-31.07 / 01.08-08.08 / 08.08-14.08 / 15.08-21.08 / 22.08-28.08 / 29.08-04.09 / 05.09-11.09

Du muss >18 Joer hunn fir dech anzeschreiwen: https://www.fal.lu/formulaire-benevole/

Mir fueren op d’Mier, an d’Bierger an den Spaass ass garantéiert.

Wärend de Vakanzewochen sinn normalerweis 6 bis 7 Persounen mat engem “trouble du spectre autistique”, 6 bis 7 Begleetpersounen wéi s du an 2 Educateuren vun der FAL dobäi. Den Encadrementstaux ass 1:1. Eng Begleetpersoun këmmert sech ëm eng Persoun mat Autismus vun moies bis owes. Zil ass et der Persoun mat Autismus eng flott Vakanz ze garantéieren, andeems een säin Rhythmus, seng Interessen an Wënsch respektéiert, en an senger Autonomie encouragéiert, op säin Wuelbefannen oppasst an en wärend dem Iessen, den fräien oder strukturéierten Aktivitéiten qualitativ encadréiert, etc., alles mam Hannergedanken dass verschiddener méi vulnerabel sinn wéi anerer um emotionale Plang an méi Problemer hunn hir Emotiounen ze kontrolléieren. Fir anerer kënnen d’Changementer an d’Imprevuen een Angscht- an Stressfaktor sinn déi Verhalensproblemer kënnen verursaachen. Eis pedagogescht Personal weess wéi een an deenen delikaten Situatiounen handelt an huet Techniken a Methoden fir d’Situatioun ze berouegen.

Et ass eng unique Occasioun fir dech fir Bekanntschaft mat der faszinanter Welt vum Autismus ze maachen, fir nei Kontakter ze maachen, ouni ze vergiessen dass Spaass, gutt Laun an Erhuelung och um Programm stinn!

D’Aarbecht als Begleetpersoun soll net als Studentenjob ugesinn ginn, mee du bass do als Participant / fräiwëlleg Begleetpersoun fir Vakanzen fir enger Persoun mat Autismus ze hëllef eng flott Zäit ze verbréngen an se an hirer Autonomie ze ënnerstetzen, wat heeschen wëll dass all d’Käschten, Transport, Logement, Iessen, Aktivitéiten, Entréesticketen vun der FAL iwwerholl ginn. Du wäert s awer eng Indemnitéit vun 25€ pro Dag kréien a wann s du d’Basisformatioun iwwert den Autismus gemaach hues, kriss du 35€ pro Dag. Du misst just e bëssen Täschegeld mathuelen fir perséinlech Depensen, z.B Souveniren.

 

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Du brauchs keng Experienz, Empathie a Respekt vis-à-vis vun de Persounen mat spezifeschen Besoinen sinn deng gréissten Stäerkten. Du wäerts gutt encadréiert sinn an wärend der Informatiounssessioun kuerz virun der Vakanz wäerten mir dir d’Charakteristiken vum Autismus an d’Perséinlechkeet vun der Persoun déi s du wäerts encadréieren erklären an du wäerts och d’Equipe an déi aner Begleetpersounen kenneléieren déi bei der Vakanz wäerten dobäi sinn.

 

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren