Appel à candidatures: Moniteur ginn beim “Wibbel an Dribbel”

  • Datum

    7.07, 8.07, 11.07, 12.07, 13.07

  • Präis
    Gratis
  • Fir ween?
    Ab 16 Joer
  • Sproochen
    LU, FR, DE
  • Link

Beschreiwung

De Sportsministère sicht e puer Moniteuren fir d’Betreiung vu Schüler a Schülerinnen während dem Wibbel an Dribbel, déi den 7., 8., 11., 12., an 13. Juli 2022 am Centre national sportif et cutlure “d’Coque” um Kierchbierg, am Centre sportif Holleschbierg zu Hesper, am Complexe sportif du Atert-Lycée zu Reiden/Atert an am Centre omnisport Krounebierg zu Miersch stattfannen.

Deng Aufgab als Moniteur ass:

  • D’Schüler, Schülerinnen, Enseignantë an Enseignantes duerch den Léierplang ze féieren.
  • Sech em d’Wuelbefannen an d‘Sécherheet vun de Schüler a Schülerinnen suergen
  • D’Responsablen vun de Verbänn bei der Duerchféierung vun hiren Sportworkshops ze ënnerstëtzen

Indemnisation 

D’Indemnisation vum Moniteur ass ob 15 € / h fixéiert.

Erfuerderlech Kompetenzen/Kenntnisser/Formatiounen

Däi Profil

  • Du muss mindestens 16 Joer al sinn.
  • Du hues e Verantwortungsbewosstsein a bass en Organisatiounstalent
  • Dir fält de Kontakt mat Kanner liicht
  • All Erfarung am Zesummenhang mat der Pädagogik, der sozialer, erzéierescher, sportlecher a kultureller Animatioun gesäis du als Virdeel (Formation d’éducatrice/éducateur, enseignement, entraîneur, animateur, …)
  • Du kanns gutt Lëtzebuergesch

Organisateur

Ministère des Sports
Ministère des Sports
66, rue de Trèves, L-2630 Luxembourg

Déi Engagementer kéinten dech interesséieren