17.07.2023 - 11.08.2023
Du hues de Brevet d’ animateur B oder C a sichs no engem neie Challenge fir e Studentenjob an der Vakanz? D’Aktioun Bambësch, d’Vakanzenaktivitéite vun der Stad Lëtzebuerg fir hir kleng Awunner, sicht no Animateuren.
– Ouschteren:
03 – 07.04.23 (+1 Preparatiounsdag vum 17. – 18.03.23)
– Summer:
1. Periode vun 17 – 28.07.23 an/oder
2. Periode vun 29.07. – 11.08.23
(+ 4 Deeg Preparatioun 11 – 14.07.23)
Falls du interesséiert bass, schéck eis däin Dossier eran. Folgend Dokumenter mussen bei der Candidature dobäi sinn:
– Lettre de motivation (Referenz: etud-capel)
– Curriculum Vitae
– Certificat de scolarité (année 2022/2023)
– Extrait vum Casier Nr. 3 an Nr. 5 (Cité judiciaire, plateau du St. Esprit, Bâtiment BC)
– Kopie vun der Carte d’identité
– recent Foto
– Kopie vum Brevet B oder C
Den Dossier mat all den néidegen Dokumenter ass un de Collège des bourgmestre et échevins, L-2090 Luxembourg ze schécken.
Brevet B oder C