Nuetsrallye

  • Datum

    17.09.2022

    18:00 - 23:00

  • Plaz
    Gäert Matgesfeld, Bieles
  • Präis
    5€ pro Persoun
  • Fir ween?

    Ab 12 Joer

  • Sproochen
    LU
  • Link

Beschreiwung

D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Suessem invitéiert op de Nuetsrallye.
De Nuetsrallye ass dëst Joer de 17. September 2022 an de Gäert Matgesfeld zu Bieles.

Wat? Wou? Wéini?

  • De Nuetsrallye ass de 17. September 2022.
  • Umeldeschluss ass den 31. August 2022
  • Depart ass um 19.00 Auer. Rendez-vous an Depart ass dëst Joer an de Gäert Matgesfeld zu Bieles
  • De Rallye dauert ongeféier 4 Stonnen.
  • Iwwert dem Wee gi flott Spiller gemaach an de Recht gitt der Owes gewuer.
  • Fir e klenge Präis kritt dir op der Plaz eppes z’iessen an ze drénken.

d’Ekippen sollen aus ca 4–6 Persounen bestinn.
Du muss min. 12 Joer hunn an an ärem Grupp muss min. 1 Persoun sinn, déi méi wéi 18 Joer huet.

Op eiser Säit fënns du e puer nëtzlech Informatiounen zum Oflaf fir dech, deng Ekipp an däi Veräin, z.B. wat Konditiounen sinn fir mat ze maachen a wat een alles brauch den Owend.
Hei kanns du dech umëllen! http://www.suessem.lu/fr/nuetsrallye/

Kontakt Organisateur

Gemeng Suessem
Jugendkommissioun Gemeng Suessem
Gäert Matgesfeld, Bieles

Dës Aktivitéite kéinten dech och interesséieren