LABO RADIO – Organiséiert vu Graffiti – d’Jugendsendungen um Radio ARA

  • Datum
    op Demande
  • Plaz
    Place des Rotondes L-2448 Luxembourg
  • Präis
    12€ / Persoun
  • Fir ween?

    10-20 Joer

  • Sproochen
    LU, FR, DE, EN
  • Link

Beschreiwung

Bei de sozialen Netzwierker feelt et net un de Moyene fir sech ze weisen. Mee wéi mécht een et am beschte fir gehéiert ze ginn? Andeems een de Mikro an de Grapp hellt a live op Antenne geet!

Um Site vun de Rotonden gëtt et ee Radiosender, Radio ARA, dee bereet ass dech ze empfänke fir dass du deng eege Reportagen an Interviewe kanns realiséieren. An e puer Stonne kanns du dech scho mat den Tools an der Software vertraut maachen déi néideg si fir eng Audiokapsel ze montéieren. Et bleift just nach de Sujet ze fannen deen d’Nolauschterer fesselt!

 

 

Kontakt Organisateur

Graffiti – d’Jugendsendungen um Radio ARA
Team Graffiti

Méi Informatiounen zum Organisateur: Hei klicken

Dës Aktivitéite kéinten dech och interesséieren