06.09.2022 - 16.12.2022
Jeunes de 18 à 35 ans, faisant face à des barrières à l’emploi
Du bass tëscht 18 an 30 Joer al? Du wëlls dir eng Carrière an der IT opbauen? Du sichs nach nom richtegen Start?
De Léierprogramm fir de Google IT Support Certificate vermëttelt dir net nëmmen d’Sprooch an d’Technologie aus der Branche, mee och d’Denkweis vun engem IT-Profi. Um Programm stinn de IT-Support, Réseau Client, Netzwierker, Systemadministratioun, Betriebssystemer an IT-Secherheet.
Nieft den techneschen Fäegkeeten, déis du och fir deng éischt Plaz an dem Secteur brauchs, gëtt och däi Selbstvertrauen gestäerkt, an deems du Fäegkeeten léiers, déi dir an denge nächste beruffleche Schrëtt hëllefe wäerten: Demanden a Networking, Kommunikatioun am beruffleche Kontext, Zesummenaarbecht a villes méi!
Um Enn vum Programm wäerts du iwwert Fäegkeeten verfügen, déi sech un éischter Stell am IT-Beräich entfalen!
De Programm ass gratis an och fir Ufänger an Ufängerinnen zougänglech!
INCO Academy ass säit 2016 zu Lëtzebuerg fir de Beruff vun der Technologie an dem Digitalen méi accessible ze maachen. Mir sinn houfreg drop schonns iwwer 300 Leit zu Lëtzebuerg forméiert ze hunn an hu bis elo méi wéi 700 Leit konnten hëllefen hir Orientatioun professionelle ze fannen.