Jonken vun 12 bis 15 Joer
D’Period vun der Pubertéit charakteriséiert sech duerch verschidde physesch,emotional, intellektuell a sozial Changementer. Et ass wärend där Period wou déi (pre)Jonker ufänken iwwert Direktioun vun hirem Liewen nozedenken an no hiren Talenter ze sichen.
De Formatiounsprogramm an d’Entwécklung vun der Handlungskraaft (engl. empowerment, fr. autonomisation) vun de Jonke verstäerkt hier Ausdrock Fäegkeet a verfeinert hier moralesch a spirituell Perceptioun.
Dat hëlleft hinne fir d’Realitéit besser ze analyséieren a fir gutt Entscheedungen ze treffe géint déi konstruktiv a destruktiv Kräfte vun der Gesellschaft.
D’Aktivitéite vum Programm bidden ee Raum fir ze deelen, encouragéieren d’Hannerfroen, d’Sozialitéit an déi gesond Fräizäit.