DIGITAL GRANDPARENTS

  • Datum

    04.12.2021

    14:00 - 17:00

  • Plaz
    4, place des Rotondes, L-2448 Luxembourg
  • Präis
    15€ pro Duo
  • Fir ween?

    Workshop am Duo: 1 Jonken (10-14) + 1 Erwuessenen

  • Sproochen
    LU, FR, DE, EN
  • Link

Beschreiwung

Fir eng nei Technologie ze verstoen an ze beherrschen, froen déi meeschte Leit vu 55 Joer a méi em Rot bei hire méi jonke Familljememberen –  dofir d’Iddi vun dësem Workshop am Duo deen et all Generatiounen erméiglecht an hirem eegenen Tempo am Digitale virunzekommen.

Wärend dem éischten Deel vum Workshop wäert d’GoldenMe Associatioun de Senioren de benotzte Vokabulär op de sozialen Netzwierker virstellen. Wärend dëser Zäit léiere déi jonk d’Basis fir Video Tutorials ze kreéiere mat der Associatioun 2030 when I grow up.

Déi zwou Gruppen treffen sech da fir zesumme kuerz Videoen opzehuelen an deenen d’Senioren, an hiren eegene Wieder, Begrëffer bezüglech dem Digitalen erklären. Dës neit Wëssen erlaabt et deene Jonken a manner Jonke méi komfortabel, awer och méi kritesch mam digitalen Tool ze sinn.

 

 

Kontakt Organisateur

Rotondes
Rotondes Billetterie

Méi Informatiounen zum Organisateur: Hei klicken

Dës Aktivitéite kéinten dech och interesséieren