Phase d’inscription se terminant le 31 mars 2023
Vol parabolique le 28 septembre 2023
13-18 ans
D’Initiativ “Astronaut fir een Dag” ass e Concours, dee vun der Lëtzebuerger Weltraumagence organiséiert gëtt, fir deenen, déi schonns ëmmer dovunner gedreemt hunn, an de Weltraum ze reesen, d’Méiglechkeet ze ginn, fir an d’Roll vun engem Astronaut ze schlüpfen.
D’Zil vun dëser Initiativ? Jonker tëscht 13 an 18 Joer fir de Weltraum ze begeeschteren an hinnen déi eenzegaarteg Méiglechkeet ze bidden, wärend engem Dag un engem Astronautentraining deelzehuelen (wéi ass d’Erfarung ze fléien, d’Schwéierlosegkeet ze erliewen, …). Als Weltraumambassadeure kënnt dir dono anerer duerch Är Erfarungen dozou inspiréieren, vun enger Rees an d’Weltraum ze dreemen a selwer Astronaut ze ginn.