Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ Modifier les informations sur cette page

Personne de contact

Philippe Berscheid

office@fnel.lu

+352 26 480 450

Adresse

61a, rue de Trèves, L-2630 Luxembourg

FNEL Scouten a Guiden

(In)formation · Éducation
Engagement social
Nature · Environnement · Animaux
Politique · Droits · Égalité
Autres

Organisation de jeunes

[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].

D’FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) ass 1914 entstanen a soumat déi eelste lëtzebuergesch Scoutsfederatioun. D’FNEL war 1922 Grënnungsmember vun der haiteger OMMS (Organisation Mondiale du Mouvement Scout), déi weltwäit iwwer 57 Millioune Jongen a Meedercher am Scoutismus vereenegt.

D’FNEL ass Membre Fondateur vu Scouting in Luxembourg (SIL).  S.A.R. de Grand-Duc héritier Guillaume ass „Chef Scout“ vu Lëtzebuerg.

Eis Missioun:  De Scoutismus huet als Missioun, mam Wäertesystem ewéi en am Scoutsverspriechen an am Gesetz festgehalen ass, zu der Erzéiung vu jonke Leit bäizedroen an esou ze hëllefen, eng besser Welt ze schafen, mat Leit, déi sech fräi entwéckelt hunn, a prett sinn, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.

SCOUTSVERSPRIECHEN: D’Scoutsverspriechen an d’Scoutsgesetz bestëmmen déi edukativ Prinzippien a Methode vun der FNEL.

“Ech versprieche, mäi Bescht ze dinn,
fir meng Flichte géintiwwer der Gesellschaft a mir selwer z’erfëllen,
fir no onse Prinzippie vum Scoutissem ze liewen
a fir mech mat Iech zesummen anzesetzen fir eng besser Welt.”