Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
+ Modifier les informations sur cette page

Personne de contact

Alex Donnersbach

csj@csj.lu

+352 22 57 31 1

Adresse

4, rue de l'Eau, L-1449 Luxembourg

Affiliation

CSV

CSJ - Chrëschtlech Sozial Jugend

Politique · Droits · Égalité

Organisation de jeunes

[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].

CSJ – Oppen, Sozial a Responsabel

Mir wëllen eng Gesellschaft, déi vun engem mënschlechen a frëndlechen Zesummeliewe gepräägt ass. Wou jidder Eenzele säi vollt Potential kann entfalen. Mir wëllen eng Gesellschaft, wou mir solidaresch mateneen ëmginn a jiddereen, deem et emol net esou gutt geet, eng Hand fënnt, déi him hëlleft. Wou hien Halt, Hoffnung an nei Zouversiicht fënnt. Mir wëllen eng Gesellschaft, wou och jidderee seng Verantwortung wouer hëlt an e gerechte Bäitrag fir d’Allgemengwuel leescht. Mir wëllen eng Gesellschaft, wou mir selwer iwwert eist Liewe bestëmme kënnen a politesch Entscheedunge méiglechst no um eenzelen Bierger geholl ginn. Eng Gesellschaft, wou sech eis Wiertschaft am Respekt vum Mënsch an der Ëmwelt weiderentwéckelt, wou Aarbecht e Recht bleift a Leeschtung an Innovatioun ënnerstëtzt ginn.

All dëst wëlle mir erreechen. Datt dëst alles och méiglech ass, dofir si mir op Basis vun eise chrëschtlech-soziale Grondwäerter fest iwwerzeegt. Eng besser a méi human Welt ass méiglech. Mä dës Verbesserunge wäerten net vun eleng kommen. Mir mussen eis schonns selwer fir déi Gesellschaft an déi Welt, an där mir eis wënschen ze liewen, asetzen.

Andeems mir der CSJ bäi getruede sinn, hu mir eis dofir entscheet, an enger Partei, déi eisen Iwwerzeegungen entsprécht, Politik aktiv matzegestalten. Politik gestalten heescht no bei de Bierger sinn, Zäit an en oppent Ouer fir se hunn. Et heescht awer ganz besonnesch och de gesetzleche Kader ze beaflossen, andeem sech eis Gesellschaft an domat och eist deeglecht Liewen ofspillt. Politik kann hei Léisunge fir ganz konkret Problemer vun de Mënschen bréngen an esou op hir Suergen an Uleies agoen.