[Pas de traduction de cette description. En cas de questions, n’hésitez pas à contacter le service].
D’Jugendhaus gëtt op dräi verschidde Beräicher opgebaut. Dat sinn den oppenen Treff, den Aktivitéits- a Projetsberäich an de Berodungsberäich. Dofir stinn de Jugendleche verschidde Fräizäitméiglechkeeten a Raim zur Verfügung, wei z. B. e Billard, Kicker, Computeren, Chillraum, … Nieft der alldeeglecher Offer ginn och extra Aktivitéiten a Projete wéi Kachen, Kinoowend, Kickerturnéier, Jugendcamp, Graffitiprojet asw. ugebueden.
Jugendlecher kënnen awer net nëmmen an d’Jugendhaus kommen, fir sech mat Kollegen ze treffen, mee et gëtt hinnen och Informatiounen an Hëllef an hire verschiddene Liewensberäicher (Schoul, Aarbecht, Famill…) ugebueden.
Eis Ëffnunszäiten:
Méinden bis Donneschden: 14:00 – 19:00
Freiden: 14:00 – 22:00
Samsdes: 2x am Mounr vu 14:00 bis 18:00 jee no Aktivitéit.