Juki, eng Ofkierzung fir Jugendhaiser vun der Gemeng Kielen, ass eng Plaz wou Jugendlecher vun 12 bis 26 Joer Zäit sech treffe kënnen. Mir als Equipe verbréngen zesummen mat Jugendlechen Zäit mateneen, organiséieren Aktivitéiten schaffen u Projekter an ameséieren eis.
Mir schaffe virun allem zesummen, Teamwork ass eis dofir immens wichteg, mee d’Individualitéit kënnt doduerch net ze kuerz an gëtt bewosst duerch Gespréicher an Aktiounen gefuerdert. Respekt an Vertrauen si fundamental, net nëmme géigeniwwer vun dem Erzéiungspersonal, mee och de Jugendlechen, sech selwer an der Ëmwelt.
Eis Ëffnungszäite vum JUKI Ollem:
Dënschden bis Freiden: 14:00 – 20:00
Samschden: Aktivitéit